AM HÄERZ VUN EUROPA WIELEN ECH!

9 Juni 2024

Europawalen

Wéi wielen ech?

Konditioune fir wielen ze goen

Ech hunn den Dag vun de Walen 18 Joer - ech kommen aus engem EU-Memberstaat - Ech sinn zu Lëtzebuerg ugemellt a liewen do, deen Ament wou ech mech an d'Wielerlëschten aschreiwen

Ech ka mech bis de 15. Abrëll um 17 Auer an d’Wielerlëschten aschreiwen.

Firwat wielen?

Wann ech bei den Europawale vum 9. Juni 2024 matmaachen, wielen ech direkt meng Representantë (Deputéiert) am Europaparlament, déi sech fir déi nächst 5 Joer fir meng Interessien a Rechter asetzen. D’Europaparlament ass weltwäit déi eenzeg direkt gewielten transnational Assemblée. D’Membere vum Europaparlament representéiere meng Intressien an déi vun allen EU-Bierger um europäeschen Niveau. D’Europaparlament huet eng legislativ an eng budgetär Funktioun an assuréiert eng wichteg Roll als politescht Kontrollorgan. Als Co-Decideur mam europäesche Rot , huelen d‘EU-Deputéiert Decisiounen, déi all d’Aspekter vum Liewen an der Europäescher Unioun beaflossen – vun der ekonomescher Ënnerstëtzung an dem Kampf géint d’Aarmut bis hin zum Klimawandel an der Sécherheet. D’Europadeputéiert beliichte politesch, ekonomesch a sozial wichteg Sujeten a verdeedegen d’Valeure vun der Europäescher Unioun: de Respekt vun de Mënscherechter, d’Fräiheet, d’Demokratie, d’Egalitéit an de Rechtsstaat. D’Parlament approuvéiert den EU-Budget a kontrolléiert d‘Manéier, wéi d’Suen ausgi ginn. D’Parlament wielt och de President vun der Europäescher Kommissioun, noméiert seng Kommissären a hëlt si an d’Verantwortung. Ech huelen un den Europawale vum 9. Juni 2014 deel fir menger Stëmm bei den Decisiounen an der Europäescher Unioun Gehéier ze verschafen.

Gutt ze wëssen

All wichteg Informatiounen zu de Wahlen fannen ech an dëser Rubrik.